D'Saison vun den Auberginne fänkt elo un. Firwat net aplaz vun den traditionelle Ratatouillen a Moussakaen net emol eng Pizza mat Auberginne maachen? Liicht a vollgetankt mat sonnegen Aromen, loosst Iech dëse Pleséier net entgoen!

Yields1 Serving
 2 Auberginnen
 300 g Mozzarella
 1 Kierfche Kiischtentomaten
 1 klengt Glas Tomatenzooss
 10 gréng Oliven
 Oregano
 Salz
 Olivenueleg
1

Hëtzt den Uewen op 180° vir.

2

Wäscht d'Auberginnen a schneit se a Rondelen.

3

Leet d'Rondelen op e Bakblech mat Bakpabeier. Schëtt e Filet Olivenueleg driwwer, street dann e bësse Salz an Oregano driwwer a gitt alles fir 20 Min. an den Uewen.

4

Huelt d'Auberginnen aus dem Uewen a schmiert Tomatenzooss drop. Street de Mozzarella a Stécker, déi geschnidde Kiischtentomaten an d'Oliven a Rondelen driwwer. Gitt dann den Oregano iwwer dat Ganzt.

5

Stellt d'Auberginnen nach eng Kéier fir 5 bis 10 Min. an den Uewen, bis de Kéis geschmolt ass.

6

ASTUCE: Anti-Vegetarier kënnen och verschidde kleng Pizzae mat Ham, Bacon oder Chorizo garnéieren.

Ingredients

 2 Auberginnen
 300 g Mozzarella
 1 Kierfche Kiischtentomaten
 1 klengt Glas Tomatenzooss
 10 gréng Oliven
 Oregano
 Salz
 Olivenueleg

Directions

1

Hëtzt den Uewen op 180° vir.

2

Wäscht d'Auberginnen a schneit se a Rondelen.

3

Leet d'Rondelen op e Bakblech mat Bakpabeier. Schëtt e Filet Olivenueleg driwwer, street dann e bësse Salz an Oregano driwwer a gitt alles fir 20 Min. an den Uewen.

4

Huelt d'Auberginnen aus dem Uewen a schmiert Tomatenzooss drop. Street de Mozzarella a Stécker, déi geschnidde Kiischtentomaten an d'Oliven a Rondelen driwwer. Gitt dann den Oregano iwwer dat Ganzt.

5

Stellt d'Auberginnen nach eng Kéier fir 5 bis 10 Min. an den Uewen, bis de Kéis geschmolt ass.

6

ASTUCE: Anti-Vegetarier kënnen och verschidde kleng Pizzae mat Ham, Bacon oder Chorizo garnéieren.

Aubergine-Pizza mat Oliven a Kiischtentomaten