Shiftleader / Responsabelen

Localisation: Differdange
DELITRAITEUR zielt zu de Pionéier beim Verkaf vun iessfäerdege Molzechten a bitt och e gemittleche Beräich un, an deem de Client op der Plaz iessen an drénke kann. D’Geschäft ass vu 7:00 bis 22:00 Auer op, och weekends an un de Feierdeeg.

Beschreiwung vun der Funktioun

De Shift Leader huet déi selwecht Aufgabe wéi de Mataarbechter, huet awer och nach zousätzlech Responsabilitéiten: d’Geschäft op- an zoumaachen – d’Gestioun vun der Ekipp – d’Verdeelung vun den Aufgaben – d’Iwwerhuele vu verschiddene Commanden …

Hien ass kapabel, all d’Posten ze geréieren a selwer ze iwwerhuelen, jee no Besoin.

Missioun

  • Accueil a Service um Client
  • Léisunge fir Problemer fannen
  • Service an der Keess / Zerwéiere vu waarmem Gedrénks
  • Opmaachen an Zoumaache vum Geschäft
  • Zoustänneg fir d’Setups, déi all Dag geplangt sinn
  • Opfëlle vu Rayonen “in store” + Liwwerungen a Stock
  • Etikettéierung
  • Propretéit an Uerdnung
  • Gestioun vun de Commanden
  • Trimester-Inventaire Produiten /Economat

Néideg Profil

  • Dir sidd dynamesch an hutt e Sënn fir de Service um Client
  • Dir sidd oppen a huet gär eng ofwiesslungsräich Aarbecht
  • Dir hutt e Faibel fir lecker a qualitativ Produiten
  • Dir sidd gewëssenhaft a selbstänneg

Eis Offer

  • Vollzäitbeschäftegung mat variabelen Aarbechtszäiten tëschent 6:15 an 22:15 Auer, vu méindes bis sonndes.
  • Méiglechkeet, sech weiderzëentwéckelen an e passionante Beruff an enger frëndlecher Aarbechtsatmosphär ze léieren.
  • E Vertrag an enger stabiller Entreprise, déi sech permanent weiderentwéckelt.

Gëlle fir dës Aarbecht

    Choisir le fichierAjoutez votre CV

    (Fichier accepté: .pdf, .doc/.docx - Taille maximale: 5mo)

    jobs@delitraiteur.be