Polyvalente Mataarbechter

Localisation: Differdange
DELITRAITEUR zielt zu de Pionéier beim Verkaf vun iessfäerdege Molzechten a bitt och e gemittleche Beräich un, an deem de Client op der Plaz iessen an drénke kann. D’Geschäft ass vu 7:30 bis 22:00 Auer op, och weekends an un de Feierdeeg.

Description de la fonction

E Polyvalente Mataarbechter ass wärend senger ganzer Schicht fir den Accueil vum Client an de Service zoustänneg. E geréiert de Keesseberäich an de Flux vun de Clienten. E fëllt d’Rayonen op a soignéiert gläichzäiteg d’Relatioun mat de Clienten. Wann d’Besoine vum Geschäft et erfuerderen, kann en och an der Produktioun beschäftegt sinn: E schafft dee Moment an der Produktioun, respektéiert d’Handbuch “Cuisine”, d’HACCP-Reegelen an d’Produktiounspläng, woubäi e gläichzäiteg opmierksam ass, fir d’Clienten a senger Géigend ze begréissen an hinnen ze hëllefen.

Mission

  • Accueil a Service um Client
  • Léisunge fir Problemer fannen
  • Service an der Keess / Zerwéiere vu waarmem Gedrénks
  • Setups
  • Opfëlle vu Rayonen “in store” + Liwwerungen a Stock
  • Etikettéierung
  • Propretéit an Uerdnung
  • Dagdeeglech Organisatioun & Planning
  • Produktioun
  • Trimester-Inventaire Produiten /Economat

Profil recherché

  • Dir sidd dynamesch an hutt e Sënn fir de Service um Client
  • Dir sidd oppen a huet gär eng ofwiesslungsräich Aarbecht
  • Dir hutt e Faibel fir lecker a qualitativ Produiten
  • Dir sidd gewëssenhaft a selbstänneg

Notre offre

  • Vollzäitbeschäftegung mat variabelen Aarbechtszäiten tëschent 6:15 an 22:15 Auer, vu méindes bis sonndes.
  • Méiglechkeet, sech weiderzëentwéckelen an e passionante Beruff an enger frëndlecher Aarbechtsatmosphär ze léieren.
  • E Vertrag an enger stabiller Entreprise, déi sech permanent weiderentwéckelt.

Postuler pour ce job

    Choisir le fichierAjoutez votre CV

    (Fichier accepté: .pdf, .doc/.docx - Taille maximale: 5mo)

    jobs@delitraiteur.be